Potentialer entfalen – D’Zukunft gestalten: Ënnerstëtzungsméiglegkeeten fir Schüler’inne mat spezifeschem Fërderbedarf am Iwwergang vun der Schoul an d’Aarbechtsliewen

06.02.2025

Dat war d’ Thema vum Colloque deen d’ Atva den 31. Januar 2025 zu Walfer organiséiert hat.
Dëse Kolloque huet Expertinnen an Experten vun der Uni.lu, der Universitéit Mons an der HfH Zürich a Conférencieren aus dem Beräich vun der Weiderbildung an dem Patronat mat den Akteuren aus der formaler Bildung zesumme bruecht, fir ze analyséieren, wéi eng Strategien, a Modeller et gëtt, a fir nei Weeër ze fannen, fir d’Beruffschance vun jonke Leit mat spezifeschem Fërderbedarf ze verbesseren.
De ganzen Dag war d’Geleeënheet sech auszetauschen, nei Impulser ze fannen, a Froen un d’Conférencieren ze stellen, fir d’Chancegläicheet an d’Inklusioun méi nohalteg an eiser Gesellschaft gestalten ze kënnen.